Fëschen um Weier

De Weekend vun National Feierdag hu Kolleegen op de Weier agelueden. Et war e gemittlecht Fëschen ugesot, natierlech gouf och gegrillt an och soss war fir alles gesuergt, genuch iessen an ze drénke war do. Souguer war de Bar à Gin um Rendez vous. Et kann een sech bal net virstelle wéi vill verschidde Mëschungen et do ginn, mat an ouni Alkohol, fruchteg, herb, an nach vill méi.

Wat awer dat wichtegst war firwat et dësen Artikel gëtt ass dass Sue fir d’WollMillen gesammelt gi sinn. Mir hunn dierfen eng Këscht opstellen, mat e puer Erklärunge wat d’WollMillen mëscht. Jiddereen deen eise Projet well ënnerstëtzen huet e Sue an d’Këscht geluecht. Sonndes ass souguer um Weier gesponne ginn. Dat war zweemol relax, d’Spanne relaxéiert schonn an dann de Stëppercher um Waasser nozekucken ass jo bekanntlech och relax, e ganz entspaanten Dag! 

E ganz grousse Merci den Organisateuren an de Gäscht.

Pour lire l’article en français : https://wollmillen.lu/de-la-peche-a-la-laine/

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *