Et gëtt Hierscht, d’Joreszäit ännert, et gëtt méi kal, d’Owender gi méi laang an et huet ee villäicht méi Loscht doheem ze verbréngen, a firwat net d’Telé kucken a spannen, oder nach méi flott wann een e Kamäin huet kann een och gutt beim Kamäin sëtzen poteren a spannen. Lo sot der “mee ech ka jo guer net spannen”, dat ass kee Problem, kommt de 9 November bei eis an e Spanncours.
An engem klénge Groupe kënnt dir léieren wéi een d’Spannrad un dréine kritt an dobäi entsteet dann och nach e Fuedem, och gitt dir vill iwwer d’Spannrad gewuer.
Wann der kee Spannrad hutt, kritt dir bei eis eent ze Verfügung gestallt, oder dir bréngt äert Spannrad mat a mir erklären iech wéi dir domat kënnt schaffen. Woll hu mir och fir iech sou dass dir direkt kënnt lass leeën. Et gëtt sécher e flotte Moien, wou och nach gelaacht a gepotert gëtt. Mir freeën eis iech bei eis ze begréissen.
D’WollMillen Team ass méisproocheg. Mir schwätzen Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.
Fir matzemaachen, mellt Iech w.e.g. per E-Mail un un
Mir erënneren Iech un déi praktesch Informatiounen:
Samschdeg 9. November 2024 vun 9.00 bis 13.00 Auer.
Adress: L-3443 DUDELANGE | Butschebuerg
Präis: 80 Euro
(Déi genee Adress gëtt Iech no Ärer Umeldung geschéckt)