3te Spanncours

de 9te November 2024 hate mir eisen 3te Spanncours.

Des Kéier hate mir 8 Leit ugeholl, mir waren awer och zu 3 fir de Participanten ze weise wéi een um Spannrad e Fuedem spënnt.

No der Virstellungsronn si mir d’Spannrieder duerchgaangen, well mir sou vill verschiddener hunn ass et interessant ze gesinn dass de Prinzip awer ëmmer dee selwechten ass an awer huet / kritt jiddereen seng Präferenz mat wéi engem Spannrad een am léifste spënnt oder am beschten eens gëtt. 

Et ass guer net sou einfach d’Spannrad un dréien ze kréien, dass et an déi Richtung dréit wou ee grad wëll. No e bëssen übe kruten eis Participanten dat awer gutt hin. Déi éischt Faser war d’Fell vum Bergschaf, eng grëffeg Woll déi sech gutt anenee verkroopt an en zolitte Fuedem mëscht. Well spannen am Ufank éischter ustrengend wéi relaxéierend ass hu mir no der Hallschent vum Cours eng Paus gemaach. Kaffi an Téi sinn zerwéiert ginn, dobäi konnte mir d’WollMillen mat hiren Aktivitéiten virstellen awer och eis e bësse kenneléieren.

No der Paus hu mir eng aner Faser proposéiert, et ass ëmmer erëm interessant ze gesinn wéi jiddereen anescht mat deenen verschiddenen Aufgaben ëmgeet. 

Des Kéier si mir souguer zum Verzwire komm. D’Participante ware frou iwwer d’Resultat an hunn hire Fuedem mat heem geholl.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *