D’Foire Agricole Ettelbruck

Den “du spënns jo” Facebookgrupp huet sech e Challenge gesat fir e Pullover a kierzter Zäit op der Foire Agricole ze strecken an do war d’ WollMillen och mat e puer Damme vertrueden. Fir e Pullover  brauch ee jo mol fir d’éischt e Fuedem, an nach virdru Woll, an am wichtegsten e Schof.

Also goung et Moies lass, kuerz virun 10 ass e Schof geschuer ginn. 14 Damme Spënnerinnen a Strëckerinnen souzen do an hunn sech Woll gekroopt an direkt ugefaange mat spannen. Kuerz Zäit drop war den éischte Fuedem prett fir verstréckt zegi. De ganzen Dag ass gesponnen a gestreckt ginn, ofwiesselnd hu mol d’Hänn mol d’Féiss geschafft. Vill Visiteuren hu mir am Laf vum Dag gesinn, all waren se interesséiert, wat mir dann do géinge maachen, an deels erstaunt dass ee souvill Freed bei der Aarbecht kéint hunn.

D’Woll ass hin an hier gaange mol bei dem enge mol bei dem aneren, et war e Genoss. De ganzen Dag konnt een e Gebot op de Pullover ofginn. Kuerz no 6 war de Pullover zesummegebitzt a fäerdeg. E puer vun den Dammen hunn de Pullover ugemooss an ech muss soen en ass jidderenger gutt gaangen.

Den Héchstbiddenden huet de Pullover kritt. D’Suen déi gesammelt goufe, ginn un e gudden Zweck

Pour lire l’article en français : https://wollmillen.lu/la-foire-agricole-dettelbruck/

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *