Speziell Botzdag

Botzdag sou nenne mir eisen Dag dee mir eemol am Mount organiséieren wou mir eis Sonndesmoies vu 10-14 Auer treffen an da Woll botzen, picken, kardéieren.

Desen 21ten Juli hate mir e ganzen Dag geplangt fir ze botzen.

Mee well een jo net just schaffe kann, hu zwee vun eise Memberen dĂ©i net botzen, an der Mettesstonn fir eis gegrillt. Zu 7 ass gebotzt ginn, an d’Woll ass nemmen sou duerch d’HĂ€nn geflutscht.

Eng Persoun beim Picker 2 beim groussen DĂ«sch wou den “Dreck” duerch den DĂ«sch rieselt, 3 Persounen bei 3 KardĂ©iermaschinnen an eng Peraoun dĂ©i Pelotte gewĂ©ckelt huet.

Ech kann iech soen dat ass e Stëck ginn um Enn vum Dag hate mir 2 1/2 Déier verschafft, a mir ware midd.

Et huet richteg Freed gemaach, an sou enger flotter Ambiance an Equippe den Dag ze verbréngen.

Ech mengen déi meescht vun eis freeë sech schon op de nÀchste Botzdag.

Laisser un commentaire

Votre adresse e-mail ne sera pas publiée. Les champs obligatoires sont indiqués avec *